
Wéinst der Bomm, déi fonnt gouf, gouf den Zuchtrafic tëscht Ettelbréck an der Giewelsmillen a béid Richtungen ënnerbrach. Et goufe Busser agesat, fir den Transport vun de Passagéier z’assuréieren.
De Service déminage ass op d’Plaz geruff ginn. Et war am Virfeld schwéier ze soen, wéi laang d’Entschäerfungsmesuren daueren. Ma kuerz viru 16 Auer koum d’Entwarnung, datt d’Linn 10 nees op wier.