SüdwestpfalzMops um Steier iwwerrascht Police

RTL Lëtzebuerg
D'Beamten hunn net schlecht gestaunt, wéi si e Véierbeener an engem Auto entdeckt hunn, dee wosst, wéi een d'Luuchte vum Gefier un- an ausmécht.

En Awunner vun Herschberg ass op de Mupp opmierksam ginn, deen eleng am Auto souz. Langweileg war dem Véierbeener allerdéngs net - sou huet et jiddwerfalls mol gewierkt. Den Hond huet nämlech un de Luuchte vum Won gespillt an dës déi ganzen Zäit iwwer un- an ausgemaach.

Nodeems d’Meeschtesch ermëttelt gouf, huet d’Police der Fra ironesch dovunner ofgeroden, dem Mupp och d’Fuere bäizebréngen.

Back to Top
CIM LOGO