
Awunner aus engem Quartier am indesche Bundesstaat Chhattisgarh haten de Bëbee no enger kaler Nuecht tëscht de Welpen vun der Muppemamm fonnt, nodeems et Kreesch gedoen hat. Dat mellen Indesch Medien a beruffe sech op d’Autoritéiten.
Ouni Kleeder an nach mat der Nuebelschnouer gouf dat klengt Meedchen an engem Feld fonnt. De Bëbee wier medezinesch ënnersicht ginn an et géif him den Ëmstänn entspriechend gutt goen. D’Police sicht elo no der Famill vum Kand.
Meedercher ginn an Indien ëmmer nees ausgesat. Si gi wéinst der Dott bei engem Bestietnis als finanziell Belaaschtung ugesinn, wärend d’Jongen dacks bei den Eltere wunne bleiwen a sech am Alter ëm si këmmeren.