San CristóbalNei Aart vu Risendeckelsmouk op de Galápagos-Inselen entdeckt

RTL Lëtzebuerg
Wéi den Ëmweltministère vun Ecuador en Donneschdeg matgedeelt huet, hunn Ierfgutt-Ënnersichungen erginn, dass et eng nei Aart Deckelsmouk gëtt.
© AFP

Dës nei Aart vun der Insel San Cristóbal, déi ënnert dem wëssenschaftlechen Numm Chelonoidis chathamensis bekannt ass, war bis ewell net offiziell erfaasst. Se entsprécht enger neier genetescher Aart.

Déi nei Fuerschunge goufe vun der Universitéit Newcastle a Groussbritannien, der Universitéit Yale an den USA, der US-Organisatioun Galapagos Conservancy, zesumme mat aneren Organisatiounen erstallt. D’Wëssenschaftler hunn d’Ierfmaterial vun de Risendeckelsmouken op San Cristóbal mat Schanken an aneren Iwwerreschter, déi 1906 an enger Grott op der Insel gebuerge goufen, verglach.

Galapagos Conservancy hat erkläert, d’Deckelsmoukenaart Chelonoidis chathamensis wier “bal mat Sécherheet ausgestuerwen”.

Back to Top
CIM LOGO