Nelloptodes gretaeNeie Käfer entdeckt: E gouf Greta gedeeft

RTL Lëtzebuerg
En huet weder Aen, nach Flilleken, ass hunnegfaarweg a méi kleng wéi e Milimeter. Ganz onspektakulär, ma säin Numm verhëlleft him zu méi Bekanntheet.
© AFP

E Freideg huet en Naturmusée vu London d’Insekt no der Klima-Aktivistin Greta Thunberg benannt. Zanter den “Nelloptodes gretae” an de 60er Joren an Nairobi entdeckt gouf, hat hien nämlech nach keen Numm.

“Ech hu mer dësen Numm erausgesicht, well ech vun der Aarbecht vun der jonker Aktivistin immens beandrockt sinn an hir Leeschtung, d’Leit a Saachen Ëmwelt ze sensibiliséieren, wierdegen”, sou de wëssenschaftleche Mataarbechter Michael Darby, deen de butzege Käfer viru kuerzem eréischt ënnert den 22 Milliounen Exemplairen an der Sammlung vum Musée entdeckt hat. D’Déier gehéiert zur Käferfamill Ptiliidae, déi e puer vun de klengsten Insekten op der Welt ëmfaasst.

De Curateur vun der Käfersammlung, Max Barclay, huet den Numm vum Käfer als besonnesch beweegend genannt. Vill onentdeckt Aarte verschwannen, nach ier se konnte vun der Wëssenschaft benannt ginn. E Käfer deen Ament no enger Persoun ze nennen, déi sech därmoosse fir d’Natur an hire Schutz asetzt, wier do schonn ubruecht.

Déi jonk Schwedin Greta Thunberg fokusséiert zanter dem Ufank vun hire Streike fir d’Klima viru ronn engem Joer. Déi 16 Joer jonk Aktivistin ass mëttlerweil zur globaler Ikon am Kampf géint de Klimawandel ginn a mobiliséiert Millioune Mënsche weltwäit.

Back to Top
CIM LOGO