
Déi brittesch Zeitung “Guardian” huet iwwert eng Etüd geschwat, bei där Reschter vun Haien an den Exkrementer vun de Séileoparde fonnt goufen. Donieft haten d’Déieren och Kampfspueren, déi drop hindeiten, datt si den Hai gejot an net just d’Reschter vun engem gefriess hunn.
Séileoparde si jo bekannt, datt si gutt Jeeër sinn. Ënner anerem sti jo Robben a Pinguinen op hirer Friessplang. Et ass elo déi éischte Kéier, datt een noweise kann, datt si och Haifësch friessen.