Vum 1. Mäerz bis de 15. Abrëll gëllt an eiser Natur déi sougenannt Bësch-Rou. Déi verbitt d’Juegd quasi komplett a protegéiert d’Villercher, déi dës Zäit elo um Buedem bréien. Als Bierger dierf een awer och déi 6 Wochen an de Bësch, fir sech ze erhuelen, Sport ze maachen oder mam Hond spadséieren ze goen. Vu Säite vun de Fierschter kënnt dann elo en Appell, grad dann op de Weeër ze bleiwen a virun allem d’Hënn am A ze behalen an am Beschten net fräi lafen ze loossen.
1 Mupp, 2 Muppen, 1 Cheftaine. A Muppegesellschaft ass d’Nelly Baden dat, ouni Diskussioun, Gebills a Gekläffs. Natierlech géif et beim Behuelen am Bësch och vun der Rass ofhänken, mee net nëmmen, seet si, déi hir zwee am Grëff huet, och ouni Hänn a Lénkt.
Wann eng virkéim, wier fir unzefänken emol net den Hond schold, mee säi Proprietär. Responsabel a strikt misst dee sinn, grad elo. D’Natur an hir Locatairë jéngeren, am Fréijoer vu Mäerz bis Mëtt Juni Wëllschwäin, Réi an Huesen.
Wat d’Border Collien Lisy a Boy kaum jee wäerte maachen, ass jonk wëll Déiere joen oder attackéieren, mä et géif eben och genuch där anerer Fäll.
“Et wier e Problem, dass Hënn am Bësch Déieren hetzen, zerbäissen, meeschtens an d’Hamen, d’Déiere sinn dann net dout, d’Fierschter musse se sichen an dacks erléisen. Et ass seelen, dass e Meeschter vun engem Hond, deen un en Déier gaangen ass, sech bei den Autoritéite mellt”, esou de Laurent Schley, Direkter adjoint vun der Naturverwaltung.
Zu Dikrech dierf ee säin Hond dem Gemengereglement no a priori net lafe loossen an awer läit dat dann och am Ermiesse vum Fierschter. D’Nelly Baden trainéiert hir Muppen: “gesinn elo net an, dass ech meng Hënn misst an der Lénkt halen. hu se a Kontroll.”
An och Mountainbiker an Jogger musse sech u Reegelen halen. De Bësch ass fir jiddereen, e géigesäitege Respekt, am Interessi och vun der Biodiversitéit. Da misst et goen. A wann et hëlleft, en neit Règlement grand-ducal vum 11. Mäerz: D’Fierschter dierfen engem elo op d’Fanger klappen, mat engem Avertissement taxé vu maximal 250 Euro.