Schüler aus Lëtzebuerger Lycéeë beschäftege sech mat humanitäre Krisen
Zesumme mat CARE Lëtzebuerg bitt RTL Schüler aus Lëtzebuerg eng Plattform, wou si hir Recherchen an Interviewen iwwer humanitär Krise kënne publizéieren.
Am Kader vun de "Correspondants Humanitaires" schafft CARE Lëtzebuerg mat Schüler a Schülerinnen aus dem Grand-Duché d'Thematik vun humanitäre Krisen op der ganzer Welt op. Dës Krise kréien net ëmmer an eise Regiounen déi Mediepresenz, déi se géife verdéngen, oder ginn am Flux vun den aneren Noriichten ënner. Datt awer och Jonker sech dësen Thematike bewosst ginn a sech domadder auserneesetzen, recherchéiere Si zesumme mat de Responsabele vu CARE d'Hannergrënn an d'Problematike vun dëse Krisen a verschaffen déi och op eng journalistesch Aart a Weis.
Dat geet vu schrëftlechen Artikelen, wou d'Situatiounen an d'Problematiken opgelëscht ginn, iwwer Podcasten, wou sech domadder auserneegesat ginn, bis hin zu Interviewe mat zoustännege Politiker oder Vertrieder vun Hëllefsorganisatiounen, déi op der Plaz aktiv sinn.
Wéi kann een "Correspondants Humanitaires" ginn?
Dir wëllt beim Projet matmaachen oder wëllt weider Informatiounen? Informéiert Iech op www.correspondants-humanitaires.lu
Interview mam Franz Fayot
D'Kolleege vun der Tëlee haten déi jonk Journalisten a Journalistinnen dobäi begleet, wéi si en Interview mam Kooperatiounsminister gemaach hunn.