Madagascar: D’Vergaangenheet deet haut nach wei

© Josh Estey CARE
Wann een haut op Madagaskar kuckt, gesäit een eng immens humanitär Kris, déi ee guer net sou séier erkläre kann.
Op der afrikanescher Insel am Indeschen Ozean brauchen zwee bis véier Millioune Leit humanitär Hëllef, fir hiert Alldagsliewen ze packen.[1] Eng an hallef Millioune Leit sinn op der IPC Skala mat Level 3 agestuuft, wat groussen Honger bedeit.[2] 30% vu Kanner ënner 5 sinn ënnererniert a 70% vun der Populatioun lieft an extremer Aarmut, dat heescht mat $1,90 pro Dag oder manner. [3]Grouss Deeler vum Land hu keng Waasserklärungssystemer an d’Leiden am Land ass riseg. Fir ze verstoe wei dat alles geschitt ass, musse mir awer an d’Vergaangenheet kucken.
Politesch Tumulter
Am Joer 1960, virun 65 Joer, gëtt Madagaskar een onofhängegt Land. Déi Stëmmung am Land ass immens positiv, een ass keng franséisch Kolonie méi. Elo muss et erop goen, oder? Leider fënnt déi jonk Republik keng Stabilitéit an d’Ongerechtegkeet tëschent der urbaner Elite an de ruralen Aarmen ass grouss. 1975 gëtt Didier Ratsiraka Präsident vu Madagaskar a verännert de Kurs vum sou fragille Land: hien etabléiert sozialistesch Reforme wéi eng Plangwirtschaft. Leider funktionéiert dat net sou wéi geplangt a Madagaskar stagnéiert ekonomesch. An de spéiden 80er Joren ass Ratsikara gezwongen, seng sozialistesch Pläng opzeginn an d’Wirtschaft ze liberaliséieren.
1992 gëtt et fräi Walen an den Albert Zafy gëtt neie President. Awer schonn 1996 mécht Ratsikara säi politesche Comeback a gewënnt d’Presidentiellen. Bei den nächste Walen 2002 streide sech Ratsikara a säi gréisste Konkurrent Marc Ravalomanana iwwer eng geplangt Stéchwal an et kennt zu engem militäreschem Konflikt tëschent deenen zwou Gruppen. Déi sechs Méint, an deene gekämpft gëtt, gëtt och ee groussen Deel vun der humanitärer Hëllef wéinst Stroosseblockade gestoppt, wat d’Situatioun verschlechtert. Europa oder d’USA waren net erfollegräich am Stoppen vun der Eskalatioun. Um Enn gewënnt Marc Ravalomanana de Kampf a gëtt Präsident vu Madagaskar, mä d’Land ass aarm a schwaach. Schonn 2009 gëtt de Marc Ravalomanana vun engem Militärcoup aus dem Amt gehuewen an den Andry Rajoelina gëtt den neie Präsident. Elo pauséieren vill Hëllefsorganisatiounen hiren Engagement wéinst der politescher Situatioun. Fir d’normal Mënschen am Land ass dat eng Katastroph. Och d’Wirtschaft leit ënnert de Sanktiounen.
De Klimawandel
Am Joer 2015 huet de Wiederphenomen “El Niño” dramatesch Konsequenzen: eng Dréchent bréngt déi ganz agrikulturell Produktioun am Süde vum Land zum Stëllstand a declenchéiert eng Liewensmëttelkris fir 1,5 Millioune Leit. Déi Zyklonen Enawo (2017) an Ava (2018) zerstéiere grouss Deeler vun der Infrastruktur am Land an deplacéieren ongeféier 300.000 Leit. 2020 mécht déi global Coronakris dem Tourismus, engvun den Haaptakommensquellen, ee Stréch duerch d’Rechnung. Nach méi schlëmm gëtt déi humanitär Situatioun duerch déi Zykloner Batsirai, Emnati (2022) a Freddy (2023), erëm hunn ongeféier 150.000 Leit keen Daach iwwert dem Kapp. Bis haut huet de Süde vum Land véier Joer Dréchent gesi wärend aner Regiounen ze vill Reen oder Zykloner ze spiere kréien. D'UN bestätegt, dat Madagaskar dat véiert am meeschte vum Klimawandel menacéiert Land op der Welt ass an nennt déi Hongersnout am Land eng vun den éischten direkt vum Klimawandel verursaacht.[4]
D’Situatioun haut
Bis haut ass d’Land politesch instabil. D’Ekonomie ass, mat engem Bruttoinlandprodukt vu 506,16 US-Dollar pro Kapp am Joer 2023 schwaach.[5] D'Liewensqualitéit vun de Leit am Land konnt sech wéinst de ville politeschen an natierleche Réckschléi ni wierklech fundamental verbesseren. D'Populatioun versicht sech nach vun enger Kris ze regeneréieren, wann déi nächst scho kënnt.
Eréischt am Abrëll 2025 war de franséische President Emmanuel Macron op Besuch ze Madagaskar an hat eng Diskussioun mam neie Präsidenten Andry Rajoelina. Hei goufe sechs Accorden ënnerschriwwen, déi déi wirtschaftlech Kooperatioun mat an humanitär Hëllef vu Frankräich garantéieren. Mat der Klimakris, déi ëmmer méi seriö gëtt, wäert Madagaskar all Hëllef brauchen, déi et kréien kann.