De Mali a seng humanitär Krise
Iwwer 20 Millioune Leit liewen am Mali, dat deels ënner ganz schlechten a schwéiere Konditiounen.
Dës Populatioun, mat iwwer 65 Prozent jonke Leit ënner 25 Joer, muss sech mat zwou grousse Krisen ausernee setzen:
Komplizéiert ekonomesch a politesch Situatioun
Ronn 8,5 Millioune Persoune sinn direkt vun der Kris am Mali betraff a ronn 5,9 Millioune vun hinne brauchen humanitär Hëllef.
Klimawandel trëfft de Mali
D'Land huet rezent mat engem nach méi secke Klima, méi Dréchent a manner Reen ze kämpfen.
Ma wou kënnt de Problem hier?
Am Mali ginn et grouss reliéis Tensiounen a vill Flüchtlingen. D'Land produzéiert an huet net genuch Liewensmëttel, fir jiddereen z'ernieren, well d'Bauere nieft dem Klimawandel an der nach méi strenger Dréchent och mat Terroristen ze kämpfen hunn. Grad am Zentrum vum Land, wou ënner anerem d'Hëllefsorganisatioun Caritas am Asaz ass, huet sech d'Situatioun rezent nach eng Kéier verschlëmmert.
LINK: Fannt hei d'Reportage vun de Correspondants Humanitaires
Disclaimer
Toutes les opinions exprimées par les « Correspondants Humanitaires » sont uniquement leurs opinions actuelles et ne reflètent pas les opinions de CARE International, CARE in Luxemburg a.s.b.l., d'autres bureaux de CARE et leurs affiliés. Les opinions des « Correspondants Humanitaires » sont basées sur des informations qu'ils considèrent comme fiables, mais ni CARE in Luxemburg a.s.b.l., ni ses affiliés et partenaires ne garantissent leur exhaustivité ou leur exactitude, et elles ne doivent pas être considérées comme telles.
Les « Correspondants Humanitaires » sont des étudiants (pour la plupart mineurs) des lycées luxembourgeois qui ont participé à trois ateliers guidés par CARE in Luxemburg a.s.b.l. et ont été chargés de faire leurs propres recherches sur les pays proposés. CARE in Luxemburg a.s.b.l. se réserve le droit de modifier la forme des articles mais ne changera pas le contenu du matériel afin de respecter le travail des étudiants et leurs points de vue.