Interview mam François Large vu Caritas
Mam François Large vu Caritas hu jonk Schüler aus dem Grand-Duché iwwert d'Situatioun no den Äerdbiewen an der Tierkei an a Syrien geschwat.
Duerch dat schwéiert Äerdbiewen an der Tierkei an a Syrien hunn iwwer 50.000 Leit hiert d'Liewe gelooss. Déi verschiddenst Associatioune ware kuerz nom Biewen op der Plaz, fir de Leit dohannen ze hëllefen an ze ënnerstëtzen. Ee vun hinne war de François Large vu Caritas Lëtzebuerg. Am Interview mat de jonke Correspondants Humanitaires erkläert hien, datt nach zwee Joer virum Biewen de Sëtzt vu Caritas an der Regioun an enge vun de schwéier getraffene Stied vun dësem Biewe war. Hätt een de Sëtzt aus logistesche Grënn net geännert, wiere wuel vill vu senge Kolleegen, déi op der Plaz am Asaz waren, haut net méi um Liewen.
Weider erzielt hien, datt et direkt no der Katastroph ganz schwéier war, fir déi blesséiert Persounen ze behandelen, well eben och d'Spideeler an der Ëmgéigend vum Äerdbiewen zerstéiert oder beschiedegt goufen.
D'Äerdbiewe wier, esou den Expert, zwar an de Medie vill behandelt ginn, mä do hätt de Fokus éischter op der Tierkei geleeën an d'Situatioun a Syrien wier ënnergaangen. A Syrien, wou jo och zu Zäit vum Biewe gekämpft gouf, hätt et fir eng kuerz Zäit no der Katastroph keng Schluechte ginn, d'Kämpf hätten dono awer nees ugefaangen.
LINK: Fannt hei d'Reportage vun de Correspondants Humanitaires
Disclaimer
Toutes les opinions exprimées par les « Correspondants Humanitaires » sont uniquement leurs opinions actuelles et ne reflètent pas les opinions de CARE International, CARE in Luxemburg a.s.b.l., d'autres bureaux de CARE et leurs affiliés. Les opinions des « Correspondants Humanitaires » sont basées sur des informations qu'ils considèrent comme fiables, mais ni CARE in Luxemburg a.s.b.l., ni ses affiliés et partenaires ne garantissent leur exhaustivité ou leur exactitude, et elles ne doivent pas être considérées comme telles.
Les « Correspondants Humanitaires » sont des étudiants (pour la plupart mineurs) des lycées luxembourgeois qui ont participé à trois ateliers guidés par CARE in Luxemburg a.s.b.l. et ont été chargés de faire leurs propres recherches sur les pays proposés. CARE in Luxemburg a.s.b.l. se réserve le droit de modifier la forme des articles mais ne changera pas le contenu du matériel afin de respecter le travail des étudiants et leurs points de vue.