Eng dynamesch Groussregioun:e Modell fir e staarkt Europa

Bei den EU-Walen e Sonndeg entscheet sech déi zukünfteg Ausriichtung vun der europäescher Unioun. Kann eis Groussregioun e Model si wéi eng gutt a staark europäescht Zesummenaarbecht funktionéiere kann? Dozou Iwwerleeungen vum Carlo Thelen, Generaldirekter vun der Chambre de Commerce.
D`EU steet an den nächste Jore viru groussen Erausfuerderungen. De Wirtschaftsstanduert Europa huet an de leschte Joren u Kompetitivitéit an Attraktivitéit verluer. Vill Entreprisen, dorënner ganz vill Kléng- a Mëttelstänneg Betriber, bekloen de Manktem u qualifizéiertem Personal fir hir Aktivitéite kennen oprechtzëerhalen.
Vill aner Betriber hu momentan awer net genuch Aarbecht. Effektiv am leschte Baromètre de l`économie vun der Chambre de Commerce hu 65% vun den Entreprisen uginn, dat si momentan keng nei Leit astelle kennen well déi ekonomesch Situatioun et net zouléisst. Just 18% hunn uginn dat si nei Aarbechtsplazen an den nächste Méint wëlle schafen, wat en extrem héijen Score ass.
Historesch gesinn ass eis Wirtschaft oofhängeg vun auslänneschen Aarbechtskräften. Momentan kommen all Dag eng 220 000 Pendler bei eis schaffen. Gläichzäiteg belieft Lëtzebuerg mat sengem ekonomeschen Zentrum déi ganz Groussregioun, déi ëmmerhin ronn 12 Millioune Awunner zielt an eng Wirtschaftskraaft vu 480 Milliarden Euro am Joer 2022 hat.
Em déi fräi Beweeglechkeet vu Wueren, Déngschtleeschtungen, Persounen a Kapital geet et och beim EU Bannemaart. Dësen muss weider ugekuerbelt ginn. Den Enrico Letta huet viru kuerzem a sengem Rapport iwwert den Zoustand vun dem EU Bannemaart nach eng 5t Fräiheet dobäi gesat. Hien schwätzt sech dofir aus, Fuerschung, Innovatioun a Bildung ganzheetlech ze stäerken.
Ech sinn iwwerzeegt, dat e méi staarken Bannemaart ons hëlleft kënfteg Erausfuerderunge zu Lëtzebuerg unzegoen. Grad mat Bléck op dat néidegt spezialiséiert Personal fir déi nohalteg an digital Transitioun vun eise Betriber ze meeschteren. Mir mussen dofir suergen datt eis Wirtschaft gutt opgestallt ass fir och am weltwäit internationalen Ëmfeld kompetitiv kennen ze bleiwen.
D`Groussregioun kann a soll an dësem Prozess eng wichteg Roll spillen. Loosst eis dëse Wirtschaftsraum notze fir nei Saachen grenziwwerschreidend auszeprobéieren a sou zu engem Virreider an Europa ze ginn. D`Groussregioun kann zu engem sou genannten Testlabo gi, fir den EU Bannemaart laangfristeg ze verdéiwen. Dëst wäert eiser Regioun an domat och Lëtzebuerg sécherlech gutt zu Gesiicht stoen.
Fir dat et geléngt, brauche mir nom 9. Juni en Europa wat sech den Erausfuerderunge vu muer unhellt. En Europa mat manner bürokrateschem Opwand a virun allem vu méi grenziwwerschreidender Harmoniséierung an Zesummenaarbecht. En Europa wat et erméiglecht Talenter unzezéien an auszebilde fir sou mat enger internationaler Konkurrenz matzehalen.
Bei der Europawal vum 9. Juni ass et dofir em sou méi wichteg dat mir eis alleguer bewosst si wéi wichteg Europa fir eis all, fir Lëtzebuerg an déi ganz Groussregioun ass.