
Nach ëmmer maache Feelinformatioune ronderëm den Hanta-Virus, deen op engem Croisièresschëff ausgebrach ass, den Tour am Internet. Eng vun dëse Fakenews beschäftegt sech mam Numm vun der Krankheet, déi vun Nagedéiere kënnt.
Der Behaaptung no geet den Numm op dat hebräescht Wuert fir "Onsënn" zeréck. Experten hunn der AFP gesot, dass et esou e Wuert am Hebräesche net gëtt. Den Numm Hantavirus kënnt vum Hantan-Floss a Südkorea, wou an de 1950er Joren deen éischte gréisseren Ausbroch dokumentéiert gouf.
"Mir brauche keng Angscht virum Virus ze hunn, well 'hanta' op Hebräesch 'Onsënn' bedeit", seet den Dharma Pongrekun, e fréiere Kandidat fir de Poste vum Gouverneur vun der indoneesescher Haaptstad Jakarta an engem Interview, deen de 15. Mee 2026 op YouTube publizéiert gouf.
Dëse Video, dee schonn iwwer 200.000 Mol gekuckt gouf, weist och, wéi den Dharma den Hantavirus als "eng global Agenda" beschreift, fir Impfstoffer ze verkafen – eng Rhetorik, déi hie schonn op engem fréiere politeschen Event benotzt hat, wou hie fälschlecherweis behaapt huet, Covid-19 wier eng erfonnte Pandemie.

Verschwierungstheorien, déi eis un d'Covid-Zäit erënneren, sinn nees op de Soziale Medien opkomm, nodeem den Ausbroch vum Hantavirus um Croisièreschëff MV Hondius, wat zu deem Ament vun Argentinien op de Cap Vert ënnerwee war, international Opmierksamkeet krut. (archivéiert hei a hei).
Der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) no goufe bis de 27. Mee am Ganzen 13 Fäll gemellt, dorënner dräi Doudesfäll (hei ; archivéiert Link).
Aacht Infektioune mat Andes-Variant vum Hanta-Virus goufe bestätegt. Dëst ass déi eenzeg Variant, déi vu Mënsch zu Mënsch kann iwwerdroe ginn, dat nodeem béid Persoune laang mateneen a Kontakt waren. Dës Variant kënnt virun allem an Deeler vu Südamerika vir (archivéiert Link).
All déi bekannt Fäll vum Ausbroch ginn op Persounen zeréck, déi um Schëff waren, dat ënner hollänneschem Fändel fiert. D'WHO huet de Risiko fir déi allgemeng Bevëlkerung als "absolut niddreg" agestuuft (archivéiert hei a hei).
Änlech Aussoen doriwwer, datt den Numm vum Virus hebräesch Originnen huet, an dat dëst géif beweisen, datt d'Krankheet gefälscht wier, gouf et schonn an Australien, op de Philippinnen an an den USA. Si goufen op Englesch, Japanesch a Spuenesch verbreet.
An Indonesien goufen dës Aussoen, déi de fréiere Politiker Dharma gemaach hat, iwwer Instagram an TikTok gedeelt. Wéi d'AFP de 4. Juni mat him Kontakt opgeholl huet, huet hien e Screenshot gedeelt, deen eng Google AI-Iwwersiicht weist (op Indoneesesch), mat där Ausso: "Am modernen Hebräesch bedeit 'hanta' 'Onsënn', 'Ligen' oder 'Bedruch'."
D'AFP huet mat verschiddene Schlësselwierder op Google gesicht, am a kengem vun de Fäll sinn änlech Resultater ugewise ginn.
Verschidden Experten hunn der AFP erkläert, dass "hanta" kee Wuert am Hebräeschen ass, entgéint de Behaaptungen online.
De Yaron Peleg, Professer fir Modern Hebräesch Studien op der Universitéit vu Cambridge, huet der AFP den 2. Juni per E-Mail confirméiert, dass dat Wuert an där Sprooch net existéiert (archivéiert Link).
De Sapri Sale, Grënner vum Jakarta Hebrew Learning Center, huet den 29. Mee erkläert, dass dat am meeschten änlech hebräescht Wuert zu "hanta" "khantah" wier – dat bezitt sech op e Prozess vu Friichten, wann dës räifen (archivéiert Link).
Eng AFP-Journalistin, déi Hebräesch als Mammesprooch huet, huet ze bedenke ginn, dass d'Wierder fir "Onsënn" am Hebräeschen "shtuyot", "qishqush" an de Slang-Ausdrock "kharta" sinn. Dat lescht kléngt änlech wéi "hanta", mee ass net dat selwecht Wuert.
Wëssenschaftlech Artikelen an akademesche Zäitschrëften hunn ëmmer nees festgehalen, dass den Numm "Hanta-Virus" vum Hantan-Floss a Südkorea kënnt, wou den éischten dokumentéierte Massen-Ausbroch gemellt gouf (archivéiert Link). Méi wéi 3.000 Zaldote goufen tëscht 1950 an 1953 am Koreakrich schwéier krank, nodeem si mam Virus a Kontakt koumen.
Obwuel Hanta-Virus-Fäll "relativ rar" sinn, ginn der e puer mat enger héijer Stierflechkeet a Verbindung bruecht, wat d'Krankheet "zu engem grousse Problem fir déi ëffentlech Gesondheet" mécht, esou d'WHO (archivéiert Link). Hanta-Vire si generell bekannt dofir, zwou ënnerschiddlech Krankheeten auszeléisen.
"An Amerika féiert d'Infektioun zu engem Hanta-Virus-Cardiopulmonary-Syndrom (HCPS), eng séier verlafender Krankheet, déi d'Longen an d'Häerz betrëfft", huet d'WHO matgedeelt. "An Europa an Asien hunn Hanta-Viren d'Bluttféiwer mat Nierensyndrom (HFRS) ausgeléist, wat haaptsächlech d'Nieren an d'Bluttgefäässer betrëfft."
D'Iwwerdroung op de Mënsch geschitt meeschtens duerch Kontakt mat Urin, Fäkalen oder Spaut vu wëllen Nager wéi Mais oder Raten, déi infizéiert sinn. Et ginn aktuell keng Vaccinen oder spezifesch Therapië géint d'Infektioun. D'Behandlung besteet also doran, d'Symptomer ze bekämpfen. D'WHO schätzt, dass tëschent 10.000 an iwwer 100.000 Fäll all Joer optrieden.
An Indonesien huet de Gesondheetsministère gemellt, et wieren tëscht 2024 an 2026 am Ganze 256 verdächteg Hanta-Virus-Fäll an e puer Provënzen opgetrueden, wouvun 23 Fäll vun HFRS confirméiert goufen (archivéiert Link). Déi lokal Zeitung Kompass huet gemellt, dass dräi Doudesfäll duerch HFRS an dësem Zäitraum enregistréiert goufen (archivéiert Link).
Méi vun den AFP-Reportagen iwwer Feelinformatiounen zum Hantavirus fannt Dir hei.