
Op der 20. Etapp goung et no e Freideg eng weider Kéier d'Alpe d'Huez erop. Um Enn duerft sech de Richard Carapaz iwwer d'Victoire op der Kinneksetapp vum Tour de France 2026 freeën. Et war seng zweet Victoire am Tour dëst Joer.
Den Ecuadorianer hat sech mat dräi anere Coureuren duerch d'Bascht gemaach, war awer laang hannert dem Sepp Kuss gefuer. Den Amerikaner huet op de leschte Kilometer awer zwou Chutte produzéiert, sou dass de Carapaz nach laanscht hie fuere konnt.
Op de leschte Meter gouf hien nach vum Remco Evenepoel iwwerholl a koum als Drëtten un.
De Richard Carapaz huet sech domadd och de Biergtrikot geséchert. Hie läit an dësem Klassement virum Paret-Peintre an dem Pogacar.
Den Tadej Pogacar huet sengem Coequipier Isaac Del Toro gehollef, d'Alpe d'Huez eropzekommen, a koum als Véierten op der Arrivée un. De Sloween behält säi giele Maillot a steet kuerz viru senger fënnefter Gesamtvictoire bei engem Tour de France.
D'Echappée mam Carapaz a Kuss, wou och den Jay Hindley an de Juan Ayuso dobäi waren, hat sech fréi ewech gemaach. Virum Col de Sarenne hat de Kuss sech vun der Grupp ofgesat, mee den Jay Hindley an de Richard Carapaz sinn nogaangen.
19 Kilometer virun der Arrivée hate si den Amerikaner nees ageholl. De Kuss huet awer net opginn a konnt sech entscheedend vu sengen zwee Konkurrenten ofsetzen; just de Carapaz huet versicht, drun ze bleiwen. De Kuss hat eigentlech scho wéi de Gewënner ausgesinn, mee zwou Chutten op de leschte siwe Kilometer – wuel wéinst Manktem u Konzentratioun – hunn dësen Dram zerplatze gelooss.
De Carapaz gouf fir säin Äifer an Asaz belount a konnt de Kuss iwwerhuelen.
Vun hanne koum e Quartett ronderëm de Maillot Jaune (Pogacar, Del torro, Evenepoel, Martinez) op de leschte Kilometer ëmmer méi no. Sou konnt de Remco Evenepoel nach op déi zweet Plaz sprinten an de Sepp Kuss op de leschte Meter stoe loossen.
Den Alex Kirsch koum e Samschdeg mat iwwer 41 Minutte Retard op de Gewënner un, wat der 125. Plaz entsprécht. Hie läit am General op der 122. Plaz mat méi wéi fënnefanhallef Stonne Réckstand op den Tadej Pogacar.
Déi 21. Etapp e Sonndeg gëtt op 99 km verkierzt, well net genuch Sécherheetsleit ronderëm an zu Paräis sinn. De franséischen Inneministère huet decidéiert, dass vill Personal an d'Gironde geschéckt gëtt, fir de Bëschfeier Meeschter ze ginn.
Um zweetleschten Dag vum Tour de France stoungen dräi Bierger hors catégorie an ee Bierg vun der éischter Kategorie um Programm. Et goung direkt lass mam Col de la Croix de Fer, fir dann nees de Col du Télégraphe a kuerz drop de Col du Galibier ze erklammen.
No enger laanger Descente goung et nach eng Kéier op de Col de Sarenne, éier d'Coureuren op en Neits d'Alpe d'Huez eropgefuer sinn, fir op der Arrivée unzekommen. Et waren awer just dräi Kéiere vun deenen 21 zeréckzeleeën.
Nieft eem Einer Rubio koum et e Freideg zu engem weideren Incident tëscht engem Coureur an engem Teamauto. Wéi am Kicker ze liesen ass, huet den Däitsche Pascal Ackermann op der zweetleschter Etapp mussen opginn, well hien den Dag virdrun am viischte Pneu vum Auto hänke bliwwe wär a sech dowéinst "queesch op de Capot geluecht" hätt.
Dobäi hätt hie sech um Knéi blesséiert. Den Ackermann hat nach probéiert, iwwer déi lescht Bierger vun der 20. Etapp ze kommen, mee huet an der Montée vum Col de la Croix de Fer opginn.