Keen anere wéi d'Scarlett Johansson, aka Black Widow, mécht Reklamm fir de Marvel Hotel am Disneyland zu Paräis.

An dofir gouf den alen Hotel New York komplett renovéiert a krut och eng nei Nues. "Disney's Hotel New York - The Art of Marvel" heescht en elo an, wéi den Numm et scho seet, dréint sech am Hotel alles ëm d'Konscht, esouwuel aus de Comics wéi och aus de Filmer, vu Marvel.

350 Konschtstécker sinn am Hotel ausgestallt, dorënner 50 exklusiv Stécker, déi ee just zu Paräis ze gesi kritt. Vu ronn 110 Kënschtler kommen all dës Wierker. Et ass eng vun de gréissten Kollektioune vu "Marvel Art" déi ee weltwäit ka kucke goen. Den Hotel ass dann och e bëssen am Styl vun enger Konschtgalerie zu New York opgebaut.