Red Bull ass jo an Austria doheem. A mam Hangar-7 hu si sech scho viru Joren een Denkmal gesat.

E Sonndeg ass et jo den zweete Formel-1-Rendez-vous zu Spielberg an Éisträich. De leschte Sonndeg stoung de Red-Bull-Pilot Max Verstappen op en Neits ganz uewen um Podium.

Red Bull ass jo an Austria doheem. De Siège ass zu Fuschl am See, eng 20km vu Salzburg ewech. An um Flughafen zu Salzburg hu si sech mam Hangar-7 schonn 2003 en Denkmal gesat. Déi 1200 Tonne schwéier Stol-Konstruktioun mat 380 Tonne Spezial-Glas spaant sech op iwwer 100 Meter an ass 67 Meter héich.

Am multifunktionelle Gebai mat senger futuristescher Architektur ass eng Sammlung vun historesche Formel-1-Rennween, Fligeren an Helikopteren ze gesinn.

Hangar-7 dat ass Konscht, Kulinarik a Fligerei ënnert engem Daach, dem Glasdaach mat Stol. Baren, eng outdoor Lounge an de Restaurant Ikarus maachen de Besuch nach méi interessant.

Patron vum 2-Stäre-Michelin-Restaurant ass den Eckhardt Witzigmann, deen als Kach vum Joerhonnert ausgezeechent gouf. All Mount wiesselt hei de Stärekach a mat deem Konzept hu sech hei schonn därer aus der ganzer Welt d’Klensch an de Grapp ginn.

All Joer kommen eng 200.000 Visiteure fir sech den Hangar-7 unzekucken. Och de Christian Schmit, deen elo kierzlech am Salzburger Land ënnerwee war an eis e puer Impressiounen aus dem Hangar-7 matbruecht huet.