An Dänemark steet zanter e Mëttwoch déi héchst Sandbuerg vun der Welt.

D'Persounen, déi se gebaut hunn, hu matgedeelt, datt se 21,16 Meter héich ass an domadder iwwer dräi Meter méi héich wéi den ale Rekord aus Däitschland. Am Summer 2019 hat eng 17,66 Meter héich Sandbuerg, déi zu Binz an Däitschland gebaut gi war, et an d'"Guiness Buch vun de Rekorder" gepackt.

Déi nei Weltrekordbuerg steet zu Blokhus an Dänemark. D'Buerg gouf vum Hollänner Wilfred Stijger gebaut. Op enger Holzkonstruktioun goufe 4.860 Tonne Sand verbaut. Fir datt de Sand gutt pecht, goufen zéng Prozent Leem bäigemëscht. D'Sandbuerg gouf um Enn och nach mat Leem ugestrach, dat soll fir nach méi Stabilitéit suergen.