Bei guddem Wieder ass de Burj Khalifa net ze iwwersinn. Wéinst dem Sandstuerm war dat 828 Meter héicht Gebai e Mëttwoch quasi onsiichtbar.

Wéi et vu Meteorologen heescht, kann de Sandstuerm nach e puer Deeg unhalen. Déi lescht Deeg waren och den Irak, Kuwait, Saudi-Arabien an Iran vun engem Sandstuerm betraff. Dëst huet zu Perturbatiounen am Fluchverkéier geféiert. Dausende Leit goufen iwwerdeems wéinst Otemproblemer an d'Spideeler ageliwwert. Saudi-Arabien muss e Sonndeg mat engem weidere Sandstuerm rechnen.