CSV-Parteipresident schwätzt sech fir den Avortement an der Verfassung aus

Den Avortement wier keen absolut Recht, mee eng Fräiheet, sou den CSV-Parteipresident Luc Frieden.
Soll den Avortement an d'Verfassung stoe kommen, Jo oder Nee? Vill diskutéiert gëtt jo aktuell eng Gesetz-Propositioun vun déi Lénk, déi d'Recht op Ofdreiwung an der Constitutioun wëll verankeren, fir datt dat Recht net méi sou einfach réckgängeg ka gemaach ginn. Ugangs der Woch stoung de Sujet op der Lee vun der parlamentarescher Institutiounekommissioun.
No där Reunioun hat d'CSV nach keng kloer Positioun formuléiert, ma lo huet d'Regierungspartei dat awer gemaach. De Parteipresident Luc Frieden huet e Mëttwoch ënnerstrach, dass den Avortement keen absolut Recht sollt sinn, mee eng Fräiheet, déi u Konditioune gebonne wier. Dofir kéint een dëst net, esou wéi den Deputéierte Marc Baum et proposéiert huet, als Recht an d'Verfassung androen.
Senger Meenung no sollt et fir d’Fraen eng Liberté publique ginn, déi vum Gesetzgeber encadréiert an an der Verfassung verankert ass. E Grondrecht kéint nämlech net vum Gesetzgeber ageschränkt ginn. Anescht ass dat awer bei enger Liberté publique. Wann dës an der Constitutioun steet, kann de Gesetzgeber Konditioune sëtzen. Sou, wéi dat och elo schonn de Fall ass, zum Beispill, dass ee just bannent 12 Wochen en Avortement ka maachen. “Mir wëllen net, dass et en absolut Recht gëtt, well dat géing zum Beispill och bedeiten, dass en Dokter oder e Spidol misst en Avortement maachen, well et jo e Recht da wär vun all Bierger. Mir wëllen, dass et eng Libertéit vun der Fra ass ze decidéieren, mee de Gesetzgeber muss d’Konditioune festleeën. D'CSV steet zu de Konditiounen, wéi se elo am Ofdreiwungsgesetz stinn, an dat wëlle mer och net änneren”, huet de Luc Frieden betount.
Als Premierminister sot de Luc Frieden dann nach, dass hie frou wier, wann ee bei deem Sujet an der Gesellschaft géing e breede Konsens fannen. “Ech weess, dass dat eng Gewëssensfro ass, wou warscheinlech all Deputéierten no sengem Gewësse muss ofstëmmen”, huet de Luc Frieden nach ënnerstrach. D’CSV géing sech awer an déi Richtung beweegen, och wann dat nach misst an alle Gremien diskutéiert ginn.
Um Krautmaart haten Ugangs der Woch 70 Leit fir eng Inscriptioun vun der Ofdreiwung an d'Verfassung staark gemaach. De Kardinol Jean-Claude Hollerich hat fir säin Deel ze verstoe ginn, datt hie kloer do do dergéint ass. Den Äerzbëschof hat am RTL-Background vun engem schwaarzen Dag an der Lëtzebuerger Geschicht geschwat, sollt dat gemaach ginn.