Hyundai Concept THREE an Interview mam CEO vun Hyundai Motors Europe
Eng weider Autosmark kapselt eng Modelbezeechnung zu enger eegestänneger Mark aus. Rieds ass vun "Ioniq".
Déi ganz Autoswelt huet déi lescht Deeg op München gekuckt, wou fir déi zweet Kéier d’IAA Mobility ofgehale gouf. Wéi wichteg dëse Rendez-vous ass, weist d’Abberzuel u Premièren, déi dëst Joer zu München gefeiert goufen.
A genee esou eng Première huet de "Concept THREE" vun Hyundai gefeiert. Dobäi handelt et sech ëm den éischte Kompakt-EV ënnert der neier Duechtermarque "Ioniq". Wat bis elo nach eng reng Modellbezeechnung war (Ioniq 5, Ioniq 6 an Ioniq 9) gëtt elo zu enger eegestänneger Marque ausgebaut. Wéi sech d’Gamme virun entwéckelt, gouf nach net konkret verroden. Eng éischt Erweiderung dierft awer schonn um Horizont ze erkenne sinn.
An zwar mam "Concept Three", mat deem och déi nei Designsprooch "Art of Steel" hir Première feiert. Si ass d’Basis fir déi zukünfteg Ioniq-Modeller an Effizienz, Performance an Nohaltegkeet matenee verbannen. Beim Konzept goufen dofir keng Käschte gespuert: grouss Spoileren, breed Radkëschten an eng dynamesch Linieféierung suerge fir e sportlechen Optrëtt, dee besonnesch eng jonk Clientèle uspriechen dierft.

© Hyundai
Klassesch Phare gëtt et an der Etüd keng méi: "Parametric Pixel" an der Calende iwwerhuelen dës Aufgab a kënnen engem net just de Wee weisen, mee och Messagen duerstellen. Dobäi suergt d’Optik fir en erfrëschende Look, trotz senger Karosseriefaarf am "Tungsten Gray".

© Hyundai
Interieur
Bannendran gëtt et – fir e Concept Car – scho bal cosy. Wéi an enger Stuff soll ee sech fillen, futuristesch dogéint d’Iddien, déi d’Designer fir d’Interaktioun vu Mënsch a Maschinn ëmgesat hunn. Amplaz vun Touchscreens fanne mer modular "Liichtfelder", déi visuell an haptesch kommunizéiere kënnen. D’Warscheinlechkeet, dass dës Iddien et an d’Serie packen, schéngen awer geréng ze sinn.

© Hyundai
Méi realistesch kléngt dogéint d’Aféierung vum "Mr. Pix" – engem klengen Avatar. Wéi eng Funktiounen dësen emol iwwerhuele kéint, gouf net verroden. Méi konkret ass dogéint den Asaz vun Aluminium-Schaum ze bewäerten. Dëse soll fir héich Stabilitéit bei wéineg Gewiicht suergen. Ob en awer – wéi am Concept – komplett Dierverkleedungen an Armaturenträger ausfëllt, dierf bezweifelt ginn.

© Hyundai
Keng Informatioune gouf et dogéint iwwert d’Technik déi zum Asaz kënnt, gewuer gouf een awer, dass d‘Serie-Versioun vum kompakten EV an engem Joer am Showroom stoe wäert. Dofir war de Xavier Martinet, zanter dem 1. Januar 2025 CEO vu Hyundai Motors Europe, am Interview awer bei anere Sujete méi gespréicheg.
"J’avais pris le poste parce que j’étais persuadé qu’il y a un potentiel à exploiter par Hyundai en Europe. Pour donner un exemple : Hyundai a construit sa première voiture, la Pony, en 1975, et 50 ans après, est 3e groupe mondial avec ses marques Kia et Genesis".
Domat géif ee sech awer net zefridde ginn. Aktuell hätt ee Modeller an der Gamme, déi zu enger richteger Referenz um Marché ziele géifen, an d’Strategie iwwert déi nächst 5 bis 10 Joer wier et ganz uewen um Podium ze stoen.
"Le ranking est la conséquence d’un travail bien fait . Il faut qu’on analyse les endroits où on sous-performe par rapport au marché et qu’on y travaille. Je pense notamment au marché des flottes face aux concurrents établis".
Zu de Konkurrenten zielen mëttlerweil och chineesesch Constructeuren: "Il y a 10, 15 ans, les clients achetaient des Hyundai parce que les voitures étaient abordables en termes de prix. Aujourd’hui, ils les achètent des Hyundai parce que finalement le design est plutôt audacieux", esou de Xavier Martinet. Dobai kënnt d’Technologie, bei där Hyundai mat der 800V-Technik – zesumme mat Kia – ganz fir matspille kann.
"Aujourd’hui, on est beaucoup moins vulnérable face à l’arrivée des chinois qu’on ne l’était il y a 10, 15 ans. On va continuer à travailler, et le Concept Three, que vous avez présent ici, fait partie de cette offensive produits qui arrive pour se démarquer de la concurrence".
D’chineesesch Constructeuren hätten Ambitiounen, an dat géif etabléiert Hiersteller forcéieren dat bescht vu sech selwer ze ginn. "Ca nous motive plus que ça fait peur".
Ugeschwat op d’Verbrennerverbuet an de Fakt, dass munch Hiersteller net méi ganz hannert hiren "100% elektresch" Pläng stinn, huet de Xavier Martinet gesot, "que la première chose est qu’on respecte la réglementation… Personne ne remet en cause la direction. Ce qu’on voit aujourd’hui c’est que les clients ne sont pas au rendez-vous. Ce qu’on demande est un peu plus de flexibilité. Est-ce que 2035 est la bonne date?". Esou wier ee bei der Elektrifikatioun an Europa nach wäit vun den eegenen Ziler ewech, an et wier onglécklech d’Verantwortung an d’Hänn vun den Hiersteller ze leeën, esou de CEO. Allerdéngs géif een d’Elektrifikatioun bei Hyundai ganz serieux huelen. Esou hätt een an all Segment en EV am Programm: vum klengsten Inster bis bei den Ioniq 9.
Mee wéi eng Roll spillt den europäesche Marché iwwerhaapt fir e global Player wéi Hyundai?
"Le marché européen représente 15 à 16% des volumes globaux. C’est significatif pour le groupe. Puis c’est un marché extrêmement concurrentiel. L’Europe est aussi le continent le plus réglementé, ce qui amène aussi que le groupe a développé des solutions en termes d’émission de CO2 qui sont plus efficientes que ce qu’on peut proposer ailleurs dans le monde".
Esou géif de Constructeur säi "Savoir-faire" ausbauen a sech un der Konkurrenz moosse kënnen. Net moosse mee beweise misst ee sech dann awer bei deene Jonken, déi sech ëmmer manner fir den eegenen Auto interesséieren. Wuel och well d’Präisser fir d’Autoen duerch déi nei Technik an Normen ëmmer weider klammen.
"Je ne peux pas rentrer dans les détails de ce qu’on est en train de faire aujourd’hui, mais on a quelques projets . Il faut qu’on sorte aussi un peu de la manière traditionnelle de communiquer avec les jeunes."
E Beispill wier de den Insteroid. E Konzept, deen op der GamesCom scho gewise gouf, an och op der IAA eng Plaz um Stand hat: "On intègre le côté gaming, notamment via le tableau de bord, ce qui nous permet un storytelling différent et de rentrer avec la voiture sur un territoire qui intéresse les jeunes".
Mee wéi grouss ass den Interessi iwwerhaapt nach un engem Autosalon am Joer 2025?
Et wier wouer, dass den Interessi haut en anere wéi viru 15 Joer wier, an awer wier et fir en Hiersteller wichteg d’Büroen ze verloossen an de Kontakt mat de potentielle Clienten ze sichen. Wichteg wier et awer och seng Presenz ze weisen.
"„Vous avez posé la question sur les chinois. Si on les laisse tous seuls sur les salons, à la fin on sera aussi un peu responsable d’avoir quelque part crée les conditions leur permettant de faire ce qu’ils sont en train de faire. C’est aussi à nous de nous battre sur tous les terrains".