E Freideg huet eng Fra mat den ukraineschen Nationalfaarwen um Kierper an enger bluttrouder Ënneschtbox de rouden Teppech gestiermt.

Op hirem Bauch stoung de Message: "stop raping us". Mat hirer Protestaktioun wollt si op d'Schicksal vu villen Ukrainerinnen opmierksam maachen, déi vu russeschen Zaldote vergewaltegt ginn. Sécherheetsbeamten hu si du séier vun der Plaz fort bruecht.