Mat Mënz bezuelen an ongestéiert an enger Kabinn telefonéieren - dës Zort vu Kommunikatioun gehéiert wuel geschwënn der Vergaangenheet un.

Eng Ära geet op en Enn: déi lescht ëffentlech Kabinn am Staddeel Manhatten gouf ofgerappt. D'Kabinn an hir zwee Telefone kréien allerdéngs eng lescht Éier erwisen a kommen an de Musée, wou se un déi gutt al Zäite virun de Smartphonen erënnere sollen.

Klassesch Telefonen, déi nach mat Mënz funktionéieren, goufen an de leschte Joren ëmmer méi heefeg duerch sougenannte LinkNYC-Sailen ersat, déi de Leit kabellosen Internet bidden, wéi och eng Plaz, fir hir Smartphonen opzelueden.

Komplett op déi al Mënz-Telefone mussen d'New Yorker allerdéngs net verzichten. Uechter de Big Apple ginn et nach eng Partie Apparater, déi net vun der Stad selwer bedriwwe ginn. Dat zum Beispill a verschiddene Metrosstatiounen.