De franséischen Héichseel-Kënschtler Nathan Paulin ass eng 2,2 Kilometer laang an 2 cm schmuel Slackline a Richtung vum Mont-Saint-Michel balancéiert.

Hie wollt déi berüümt Insel an der Normandie "mol aneschters weisen". D'Band, wat just 2 Zentimeter schmuel war an an enger Héicht vun 100 Meter montéiert ginn ass, war vun engem Kran um Festland bis hin zur Abtei Mont-Saint-Michel gespaant. Den 28 Joer alen Nathan Paulin war bei senger Aktioun buerféiss an hat just eng Jeansbox, een T-Shirt an ee Sécherheetsgurt un. Ofgesi vun engem méi staarke Wandstouss kuerz virum Start, ass d'Wieder wärend dem Paulin sengem Versuch roueg bliwwen.

E Mëttwoch well hien den nämmlechte Wee rëm an déi aner Richtung goen, also vun der Abtei aus. Och huet de Kënschtler schonn ugekënnegt, wat säin nächst Zil wäert sinn. "Ech wéilt dat nämmlecht gären tëschent dem Eiffeltuerm an dem Tuerm Montparnasse maachen, dat sinn 2,7 Kilometer.

Den Nathan Paulin huet an der Vergaangenheet schonn eng ganz Rei Rekorder opgestallt an ass schonn zwee Mol zu Paräis tëschent dem Eiffeltuerm an dem Trocadero iwwert der Seine balancéiert.