Viru 50 Joer ass eng Foto vum Fotograf Huynh Cong „Nick“ Ut ronderëm d'Welt gaangen. En Zäitdokument, dat als ikonescht Antikrichsbild gëllt.

D'Schwaarz-Wäiss-Foto gouf den 8. Juni 1972 am Vietnamkrich gemaach. Riicht an d'Kamera kuckt dat deemools 9 Joer aalt Meedche Phan Thi Kim Phuc. Plakeg, jäizend, hannert him eng donkel Wollek an arméiert Männer ze gesinn.