Dat ferngesteiert Wiesen, dat ausgesäit wéi eng Mëschung aus Hond an Insekt, lauschtert op den Numm "Spot".

Seng Aufgab ass et, a schwéier zougängleche Beräicher vu Pompeji Daten ze sammelen an op Sécherheetsproblemer opmierksam ze maachen. De "Spot" wäert virun allem an ënnerierdesche Beräicher ënnerwee sinn, an déi Mataarbechter aus Sécherheetsgrënn net hi kënnen.

De Roboterhond bréngt ganzer 70 Kilo op d'Wo an ass ongeféier sou grouss wéi e Golden Retriever. Hien huet e Wäert vun ëmgerechent 71.000 Euro.