Den UN-Generalsekretär António Guterres huet e bessere Schutz vun de Weltmierer gefuerdert, fir esou den "Noutstand vun den Ozeaner" ze bekämpfen. Op der Ouverture vun der Ozeankonferenz vun de Vereenten Natiounen e Méindeg zu Lissabon huet hie méi Ustrengungengefuerdert. Op der Dagesuerdnung vun dëser Konferenz stinn ënner anerem d'Reduzéiere vu Mikroplastik an och d'global Fëscherei.