Eng kleng Geess aus Pakistan mécht esouguer der Disney-Figur Dumbo mat hiren Ouere Konkurrenz. Ganzer 48 Zentimeter si se nämlech laang!

Séier gouf d'Déierchen en Internetstar. 10-12 Deeg no senger Gebuert si scho Fotoe vun him an den nationalen an internationale Medien zirkuléiert. Mat nëmmen 30 Deeg huet hien e Bekanntheetsgrad erreecht, fir dee Promie vläicht 25-30 Joer brauchen, sou säin Ziichter Mohammad Hasan Narejo ganz houfreg.

Dem Simba seng Ouere si sou laang, dass den Narejo se iwwert de Réck leeë muss, fir dass dee Klenge sech net drop stellt. Fir dem Véierbeener d'Liewen ze vereinfachen, huet hien e Geschier entworf, mat deem de Simba seng aussergewéinlech laang Läffele ronderëm den Hals droe kann.