Virun den Ae vum Pontifex ass de Mann mam Gesiicht no vir op de Buedem gefall an huet mat sengem Helm a senger Hellebarde fir vill Kaméidi gesuergt.

De Virfall huet allerdéngs just e puer Sekonne gedauert, séier stoung hien nees op de Been. Wéi et vun engem Porte-parole vum Vatikan heescht, hätt de Mann vun der Schwäizer Gard warscheinlech Problemer mam Kreeslaf gehat. Mëttlerweil géing et him nees gutt goen. D'Uniforme mat hire fiedergekréinten Helmer, laange Boxen ("Puffhosen") a Mäntel sinn net besonnesch gëeegent fir héich Temperaturen.

1506 gouf d'Schwäizer Gard vum Poopst Julius II. ageféiert a suergt fir d'Sécherheet vum Pontifex.