Bannent nëmmen e puer Sekonne war vun der propperer Kleedung net méi vill ze gesinn. D'Outfitte vun den Touristen an den Awunner hu rout geliicht.

No zwee Joer Corona-Paus war et nees esou wäit. Dat beléiften "Tomatina"-Festival am spuenesche Buñol huet säi Comeback gefeiert. Mëttelpunkt vum traditionellen Event war eng Tomate-Schluecht. E Mëttwoch hu sech eng 15.000 Persoune mat 130 Tonnen Tomate beworf. Fir hir Ae viru Sprutzen ze schützen, haten eng Abberzuel Leit e Sonnen- oder Taucherbrëll un.