Tonne flott Impressiounen, CGDIS mellt keng gréisser Interventioun
Eise Fotograf Roland Miny war sportlech um Marathon ënnerwee, wärend d'Ekippe vum CGDIS zum Gléck net fir uerg Situatioune gefuerdert waren.
Déi 16. Editioun vum Nuetsmarathon an der Stad ass ouni gréisseren Incident iwwer d'Bün gaangen. Déi positiv Nouvelle huet de CGDIS e Sonndeg de Moien publizéiert.
D'Rettungsekippe ware mat engem groussen Effectif op der Plaz, well ëmmerhin 13.000 Leeferinnen a Leefer ënnerwee waren.
Zwou fest Strukturen, wou Leit am Noutfall konnte behandelt ginn, hat de CGDIS opgereegt. Weider waren 11 Ambulanzen an 12 mobil Ekippen, grad ewéi Secouristen um Moto respektiv um Vëlo, op a laanscht d'Pist ënnerwee.
Am Ganzen 73 Persounen, dorënner Leefer grad ewéi Spectateuren an anerer, hu misse gehollef kréien. Néng koumen der an d'Spidol.
D'Pompjeeën hunn zwee Mol misse wéinst technesche Problemer intervenéieren.