Succès fir den Erick Kiptoo bei der 16. Editioun
De Kenianer huet fir d'Streck 2 Stonnen 13 Minutten a 14 Sekonne gebraucht. De Yonas Kinde huet am Semi-Marathon mat engem neie Streckerekord gewonnen.
Bei der 16. Editioun vum ING Night-Marathon gouf et e kenianeschen Doublé. Gewonnen huet den Erick Kiptoo virum James Kiplagat, deen eng Minutt a 26 Sekonne méi lues war wéi de Kiptoo. Op déi 3. Plaz koum de Marokkaner Abida Ezamzami an enger Zäit vun 2 Stonnen 23 Minutten a 4 Sekonnen. Beschte Lëtzebuerger gouf de Luc Scheller. Hien ass als 4. no 2 Stonnen 37 Minutten an 12 Sekonnen ukomm.
Hannendrun ass mat engem Retard vu 4 Minutten an 32 Sekonnen op de Scheller den zweete Lëtzebuerger Matthias Geistor iwwer d'Arrivée gelaf. Den drëtte Lëtzebuerger Scharel Lehners gouf den 8. an der Course.
Genau wéi bei den Hären gouf et bei den Dammen och e kenianeschen Doublé. D'Mercy Kipkemoi huet de Succès an enger Zäit vun 2 Stonne 37 Minutten an 20 Sekonne gefeiert. E Retard vu 5 Minutten a 17 Sekonnen hat d'Flomena Ngurasia op der 2. Plaz. D'Pia von Keutz aus Däitschland gouf dat 3..

© Roland Miny / pressphoto.rtl.lu
Op der 4. Plaz ass d'Shefi Xhaferaj als bescht Lëtzebuergerin ukomm. Si war 3 Stonnen 12 Minutten a 55 Sekonnen ënnerwee. D'Diane Majerus an d'Karin Schank hu sech hannendru klasséiert.
FOTOGALERIE: ING Nuetsmarathon: Tonne flott Impressiounen, CGDIS mellt keng gréisser Interventioun
De Lëtzebuerger Yonas Kinde huet de Semi-Marathon mat engem neie Streckerekord vun enger Stonn 7 Minutten a 57 Sekonne gewonnen. Hien huet sech mat enger Avance vun iwwer 3 Minutte virum Belsch Tommy Kinders behaapt. De Podium gouf vum Riccardo Marchesi aus Italien komplettéiert. Hien hat e Retard vu 4 Minutten an 8 Sekonnen op de Gewënner. De Yannick Lieners gouf de 6. an de Course a war den zweete Lëtzebuerger. Den drëtte Lëtzebuerger Eric Gonderinger ass als 9. iwwer d'Arrivée gelaf.
Bei Dammen huet op der hallwer Distanz d'Tetyana Vernygor aus der Ukraine mat enger Zäit vun enger Stonn 20 Minutten an 10 Sekonne gewonnen.
D'Lëtzebuergerin Anny Wolter gouf mat engem Réckstand vun 11 Sekonnen dat 2..
D'Camille Bucciarelli aus Frankräich huet sech op der 3. Plaz klasséiert. D'Teresa Frank an d'Anne Reiser sinn op der 6. an der 8. Plaz ukomm an hunn de Podium vun de Lëtzebuerger Leeferinne komplettéiert.