E Freideg Owend hat et um Briddel gebrannt. Donieft koum et zu zwee Stroossenaccidenter, an e Bidon mat Bensinn dra stoung och a Flamen.

Kuerz no 20 Auer gouf gemellt, dass et an der Rue Paul Binsfeld an engem Haus géing brennen. D'Pompjeeë vu Koplescht, Kielen an aus der Stad hate sech der Saach ugeholl. D'Ambulanze vu Mamer an aus der Stad waren op der Plaz, a konnten eng blesséiert Persoun versuergen.

Eng zwou Stonne méi spéit hunn d'Pompjeeë vun Angelduerf sech ëm e Bensinnsbidong gekëmmert, deen an der Rue Laduno zu Ierpeldeng gebrannt huet.

E Freideg Owend koum et och zu zwee Stroossenaccidenter. Géint 19.30 Auer war an der Rue de Reckange zu Monnerech e Gefier an eng Mauer gerannt. Géint 22.45 Auer krut tëscht Nidderaanwen a Rued-Sir e Chauffer d'Leitplanken ze paken. Hei blouf et jeeweils beim Materialschued.