Kee Spill fir d'Kanner
Auto bleift op Spillplaz am Sand stiechen

© Policedirectioun Ludwigshafen
Do hunn d'Beamten net schlecht gestaunt: A Rheinland-Pfalz ass en 83 Joer ale Mann mat sengem Auto op enger Spillplaz am Sand stieche bliwwen.
De Poliziste géigeniwwer sot de Chauffer, en hätt sech verfuer a wier dunn am Sand festgefuer. Vun doheem aus wollt en dunn d'Depanneuse ruffen. Geschitt ass dem Mann näischt, et gouf och näischt un der Spillplaz beschiedegt, allerdéngs krut hien e Protokoll.
Am meeschte gelies