Am Kader vum 400. Bestoe vum Schlass vu Versailles kréien d'Visiteuren elo e ganz exklusiven Abléck an d'privat Kummere vun der Kinnigin Marie-Antoinette.  Vum 27. Juni u sollen d'Raim vun der Kinnigin, déi wärend der franséischer Revolutioun higeriicht gouf, ëffentlech zougänglech sinn. Op zwee Stäck an op iwwer 100 Quadratmeter hat d'Kinnigin sech verschidde Raimlechkeete luxuriéis ariichte gelooss, dorënner de Billard-Raum. Och d'Kummere vum Jeanne du Barry, déi lescht Affär vum Ludwig XV., si restauréiert ginn.