Um éischte Joresdag, wou den James-Webb-Teleskop gebaut gouf, huet d'Nasa e Mëttwoch e spektakuläert Bild konnte verëffentlechen.

D'Biller vu liichtendem Stëbs a roudem Gasniwwel, deen am Kosmos stréimt, enger sougenannter Rho-Ophiuchi-Wollek. Méi genee, dës Wolleken an Niwwel weisen d'Gebuert vu Stären. Déi schaarf Opname ware méiglech, well de Phenomen 390 Liichtjoren ewech war.

D'Bild weist ronn 50 jonk Stären. Si hunn eng änlech Mass wéi eis Sonn oder manner. E puer weisen déi charakteristesch Schiet vu zirkumstellare Scheiwen. En Zeechen dofir, dass sech méiglecherweis Planéiten ronderëm se bilden. Donieft si grouss Waasserstoffstralen an Deeler vum Bild ze gesinn. D'Mëtt vun der Opnam weist glënnerege Stëbs.