
Wéi de Premierminister vun der ëstlecher Provënz KwaZulu-Natal géigeniwwer AFP confirméiert huet, wier d'Attack an engem Haus geschitt. Ënnert den Doudege wier och eng schwanger Fra.
"D'Affer, dorënner eng schwanger Fra, ware kuerz virun 23 Auer an engem Haus versammelt, wéi zwee Ugräifer agedronge sinn an ugefaangen hunn, ze schéissen". Zwou Persounen sollen d'Attack iwwerlieft hunn, esou de Responsabele weider.
Iwwer d'Hannergrënn ass bis ewell näischt gewosst.
Südafrika huet ee vun den héchste Mord-Tauxe weltwäit. An der Moyenne ginn am Land all Dag 60 Mënschen ëmbruecht.