
De Mann sëtzt elo an Untersuchungshaft. D'Police geet dovun aus, datt hien zu enger Grupp aus dem lénksextremistesche Milieu gehéiert huet.
Beim Iwwerfall am November 2014 haten op d'mannst fënnef Täter 16 Bankmataarbechter mat Waffe menacéiert an iwwer 400.000 Euro geklaut.
Schonn 2017 war eng deemools 33 Joer al Fra wéinst hirer Bedeelegung zu siwen an en halleft Joer Prisong verurteelt ginn.
Duerch DNA-Spuere konnt elo ee weidere Verdächtegen identifizéiert ginn. No op d'mannst dräi weidere Verdächtege gëtt nach ëmmer gesicht.
D'Ermëttler mengen, datt d'Grupp och fir aner Iwwerfäll zu Oochen an de Joren 2009, 20102 an 2013 responsabel kéint sinn.