
De Gittarist vun Duran Duran Andy Taylor ass dout. No engem laangen a couragéise Kampf géint Kriibs un der Prostatt wier den Taylor e Méindeg, am Krees vu senger Famill, am Alter vu 65 Joer gestuerwen.
Den Andrew Taylor war tëscht 1980 an 1986, an nach emol vun 2001 bis 2006 Member vun Duran Duran. Virun allem an den 1980er Jore war déi brittesch Band weltwäit erfollegräich mat Hits wéi "The Reflex" an "The Wild Boys".