Neie Bilan am Burkina Faso160 Doudesaffer no bluddegen Attacken

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht vun e Freideg op e Samschde gouf et jo eng arméiert Attack, zu Solhan, am Norde vum Land.
© AFP

D’Autoritéiten am Burkina Faso haten ënnerstrach, datt de Bilan no deene bluddegen Attacken an der Nuecht vun e Freideg op e Samschde just provisoresch ass a si sollte Recht behalen.

Aus dem westafrikanesche Land heescht et elo, datt d’Zuel vun den Doudesaffer an de leschte Stonnen op 160 geklommen ass.

An der Nuecht vun e Freideg op e Samschde gouf et jo eng arméiert Attack, zu Solhan, am Norde vum Land. Et ass dat déidlechst Attentat zënter dem Ufank vun der dschihadistescher Gewalt viru 6 Joer.

Burkina Faso: Eng 100 Ziviliste bei Attack ëm d’Liewe komm

Back to Top
CIM LOGO