
Wéinst der drëtter Coronawell gëllen d’Restriktiounen, déi schonn an 19 Departementer a Kraaft waren, elo am ganzen Hexagon.
Konkret bedeit dat, datt et an deenen nächste 4 Wochen, vu 19 Auer un, eng Ausgangsspär gëtt.
D’Crèchen an d’Schoule musse fir 3 Wochen zou maachen, Héichschoulen a Lycéeën esouguer fir e Mount. Et muss een awer dobäi soen, datt zwou Wochen dovunner an d’Vakanz falen.
Och fir de Commerce ass et keng einfach Situatioun, déi meescht Geschäfter mussen zou bleiwen a wärend dem Lockdown, dierf all Bierger sech just an engem Ëmkrees vun 10 Kilometer vu sengem Doheem beweegen.