
Honnerte vu Schoule sinn e Mëttwoch an Italien evakuéiert ginn. Grond dofir waren eng Rei Bommemenacen. Der Premierministesch Giorgia Meloni no géif awer keng Gefor bestoen, et géif sech ëm e falschen Alarm handelen.
D'Ministesch huet fir méi spéit am Dag eng Regierungssëtzung ugekënnegt.