
"Haut sinn et Frigoen, muer kéinten et Routere sinn an iwwermuer Haushaltsapparater", esou de Juhan Lepassaar en Dënschdeg an engem Interview mat der Noriichtenagence AFP. Seng Autoritéit fuerdert eng besser Kooperatioun ënnert den EU-Länner.
"Sécherheet sollt an dierf net zweetrangeg behandelt ginn", sot den Enisa-Chef weider. "Et ginn Dausende Produite mat digitalen Elementer, iwwerall an iwwer Secteuren ewech." Am schlëmmste Fall kéinten Hackerattacke ganz Gesellschafte betreffen, vum Stroum- an Telefonnetz iwwer d'Stroossebunn bis zu de Pompjeeën an de Spideeler.
De Lepassaar huet Investitiounen an d'Cybersécherheet vun all deene Beräicher gefuerdert. "All Virfall ka verhënnert ginn. D'Fro ass, ob mir bereet sinn, dofir z'investéieren." Donieft huet hien awer zouginn, datt Cybersécherheet "net bëlleg" ass.
Den Enisa-Chef huet sech net zu de Reprochë vun der franséischer Regierung, datt den Iran hannert de Cyberattacken op Frigoe responsabel wier, geäussert. Et géing awer "vill staatlech gesteiert Acteure ginn, déi europäesch Firmaen an europäesch Interêten an d'Viséier huelen", sot hien. Dorënner wiere "China, den Iran, Nordkorea".
Frankräich hat e Méindeg eng Cyberunitéit vun der iranescher Revolutiounsgard fir d'Cyberattacken op Frigoen a Supermarchéen am Oktober responsabel gemaach a Sanktiounen annoncéiert. Och an aneren europäesche Staaten, dorënner och Lëtzebuerg, gouf et esou Attacken an de leschte Wochen. Bis ewell ass awer net genee gewosst, wien hannert den Ugrëff stécht.
D'Attacken hätten EU-wäit Lacunnen an der Cybersécherheet opgedeckt, sot de Lepassaar. Seng Autoritéit huet en Dënschdeg eng Analys vun de Cyberattacken an der EU am leschte Joer publizéiert a Memberstaaten opgefuerdert, besser zesummen ze schaffen. Si missten an Zukunft "rechtzäiteg Informatiounen austauschen".
Allgemeng hätte sougenannt Ransomware-Attacke fir de gréisste Schued an der EU gesuergt. Dobäi verschafe sech Hacker Zougrëff op Computeren an Donnéeën a verschlësselen dës oder verhënneren op aner Manéier den Accès. Fir d'Entschlësselung fuerdere si Léisegeld. Fir esou Attacke géing et e "professionellt kriminellt Ëmfeld" ginn, heescht et an enger Analys vun der Autoritéit. Cyberattacke géinge fir d'Ugräifer ausserdeem ëmmer méi bëlleg ginn, well si op bekannt Mustere souwéi Kënschtlech Intelligenz zréckgräife kënnen. Dacks sinn Entreprisë vu Ransomware-Attacke betraff. Autoritéiten an ëffentlech Strukture sinn den Enisa no awer am meeschte vu Cyberattacke betraff. Dës hunn zejoert bal en Drëttel vun allen Attacken ausgemaach. Vill vun dësen Attacke wieren "ideologesch motivéiert", géingen awer nëmme begrenzt Schued uriichten.
D'Enisa warnt ausserdeem viru Cyberspionage, déi hannert knapp sechs Prozent vun alle Cyberattacke vermutt gëtt. Dobäi kéinten auslännesch Geheimdéngschter strategesch wichteg Informatioune sammelen oder geeschteg Proprietéit klauen.
D'EU-Autoritéit ass dofir zoustänneg, Informatiounen aus de Memberstaaten ze sammelen a fréizäiteg Warnungen erauszeginn. A Realitéit géingen déi national Autoritéiten Informatiounen dacks net weiderginn, well et zum Beispill national Sécherheetsgesetzer gëtt, déi dat net erlaben. Och den europäesche Rechnungshaff hat schonn am September Informatiounslacunnen a Problemer am europäesche Warnsystem kritiséiert.