Parquet vu Berlin korrigéiert éischt InformatiounenVerdächtegen am Mord un 13 Joer alem Lisa T. war virbestrooft

AFP, iwwersat vun RTL
Den 22 Joer ale Mann, dee schwéier blesséiert nieft der Läich vum Meedche fonnt gi war, war virun e puer Deeg rechtskräfteg verurteelt ginn.
Police virum Haus, an deem d'Läich vum Lisa T. fonnt gouf.
Police virum Haus, an deem d'Läich vum Lisa T. fonnt gouf.
© MARCO PORZIG/dpa Picture-Alliance via AFP

De Verdächtegen am Fall vum 13 Joer ale Lisa T. aus Berlin, dat dout fonnt gouf, war virbestrooft. Den 22 Joer ale Mann wier zanter dem 5. November 2026 rechtskräfteg duerch d'Amtsgeriicht Passau zu enger Prisongsstrof vun engem Joer mat integralem Sursis verurteelt gewiescht. Dat mellt de Parquet vu Berlin en Dënschdeg. Domat korrigéiert de Parquet éischt Informatiounen, deenen no de Mann net virbestrooft war.

D'Verurteelung zu Passau wier nach net am Bundeszentralregëster hannerluecht ginn an hätt de Parquet vu Berlin net virleie gehat, heescht et an der Erklärung. De Parquet Passau hätt am November 2025 den Handy vum Verdächtege séchergestallt, op deem iwwer 900 kannerpornografesch Donnéeë fonnt gi wieren.

D'Berliner Justiz geet weiderhin dovun aus, datt d'Meedchen zoufälleg Affer vum 22 Joer ale Pedokriminelle war. "Am Laf vun den Ermëttlungen hu sech weiderhi keng belaaschtbar Hiweiser zu enger Relatioun tëscht dem Beschëllegten an dem Doudesaffer erginn", heescht et en Dënschdeg.

D'Läich vum 13 Joer ale Lisa T. an de Verdächtegen, dee schwéier blesséiert ass, waren e Sonndeg an engem Haus, dat eidel steet, zu Bad Freienwalde a Brandenburg fonnt ginn. Fir seng Blessuren ass den 22 Joer ale Mann wuel selwer zoustänneg. Hie wier antëscht ouni Zweiwel identifizéiert, hat et schonn e Méindeg vun den Ermëttler geheescht. De Mann huet déi däitsch Nationalitéit a lieft zu Berlin.

Back to Top
CIM LOGO