Alerte rouge wéinst Reen a PortugalStuerm "Charles" verléiert um Wee Richtung Festland u Stäerkt

RTL mat AFP
Nodeems de Stuerm "Charles" d'Insel Madeira mat 130 km/h getraff huet, hunn d'Wandvitessen ofgeholl.
Stuerm "Charles" verléiert um Wee Richtung Festland u Stäerkt
Nodeems de Stuerm "Charles" d'Insel Madeira mat 130 km/h getraff huet, hunn d'Wandvitessen ofgeholl.

De Stuerm "Charles" gëtt wäert Portugal e Mëttwoch mat manner staarkem Wand treffe wéi erwaart. Trotzdeem gëllt fir de mëttleren an de südlechen Deel vum Land souwéi fir en Deel vum Nopeschland Spuenien wéinst staarkem Reen weiderhin eng Alerte rouge.

Nodeems de Stuerm laanscht d'Küst vun der Insel Madeira gezunn ass, wou en e puer Schied, awer keng Affer verursaacht huet, "huet sech d'Déifdrockgebitt souguer an zwee Käre gespléckt, déi e bësse méi schwaach si wéi erwaart an dowéinst gëtt d'Situatioun a Bezuch op de Wand manner seriö geholl", erkläert e Mëttwoch de Moien de Meteorolog vun der nationaler Wiederagence (IPMA), de Jorge Pontes e Mëttwoch de Moien um ëffentlech-rechtlechen Tëleessender RTP.

En Dënschdeg den Owend hat d'IPMA viru Wandvitesse vun 100 bis 120 km/h gewarnt, déi lokal souguer bis zu 140 km/h erreeche kéinten. Elo léich ee bei 90 bis 110 km/h.

People cross a street under heavy rain as Storm Charles hit mainland Portugal, in Lisbon on November 11, 2026.
De Stuerm "Charles" bréngt staarke Reen a Portugal.
© AFP

"Trotzdeem gëtt fir de ganzen haitegen Dag weiderhi mat staarken Néierschléi gerechent, virun allem an den zentralen a südleche Regiounen", wou fir aacht Berzierker, dorënner d'Haaptstad Lissabon, eng Alerte rouge gëllt. Dowéinst bleiwe Schoulen an net systemrelevant ëffentlech Strukturen e Mëttwoch zou. D'Regierung rifft iwwerdeem och op, net eraus ze goen, wann et net muss sinn a vun doheem aus ze schaffen.

An der Nuecht hat de Stuerm d'Insel Madeira mat Wandvitesse vun 130 km/h getraff. Duerch d'Onwieder koum et zu knapp 140 Tëschefäll, virun allem Iwwerschwemmungen a Beem, déi ëmgefall sinn oder Stécker, déi ronderëm geflu sinn. Zu Blesséierten oder Doudege koum et awer net, heescht et vun de lokalen Autoritéiten. Lokale Medien no war een 80 Joer ale Mann vun de Pompjeeë gerett ginn, nodeems hie vun engem Floss an der Géigend vu Funchal matgerappt gi war.

Back to Top
CIM LOGO