
A Brasilien gëtt dëse Sonndeg en neie President gewielt. Den aktuelle brasilianesche President Lula da Silva trëtt géint de Flavio Bolsonaro un, de Fils vu sengem direkte Virgänger Jair Bolsonaro. Dee sëtzt nämlech aktuell seng Prisongsstrof am Hausarrest of, wéinst engem Putschversuch.
De Lula da Silva an de Flavio Bolsonaro leien an de Sondagen enk beieneen. Wa kee vun hinnen an der éischter Ronn iwwer d'Hallschent vun de Stëmme kritt, da kënnt et de 25. Oktober zu enger Stéchwal.
