Nei RekordhëtztA Finnland war et esou waarm, wéi an de leschte 50 Joer net méi

RTL Lëtzebuerg
D'Hëtztwell ass och am Norde vun Europa ukomm.
Leit ginn um Kivinokka-Strand zu Helsinki an d'Waasser
Leit ginn um Kivinokka-Strand zu Helsinki an d’Waasser
© AFP

A Finnland gouf domadder en neie Rekord opgestallt, well ee 14 Deeg laang méi wéi 30 Grad Celsius um Stéck hat. Domadder huet een den ale Rekord aus dem Joer 1972 gebrach, wéi de finnesche Meteorologeschen Déngscht matgedeelt huet. Nach ni goufen zanter 1961, wéi d’Opzeechnungen ugefaangen hunn, méi Deeg um Stéck a Finnland gemooss, bei deenen den Thermometer op iwwer 30 Grad geklommen ass.

Am Juni a Juli 1972 gouf et nämlech 13 Deeg um Stéck méi wéi 30 Grad am nordeuropäesche Land. De Klimawandel an déi vum Mënsch gemaach Ophëtzung vun der Äerd féiert dozou, datt et ëmmer méi dacks esou laang Hëtztwellen an der Regioun wäert ginn, sot de Ville Siiskonen vum Meteorologeschen Déngscht.

2023 war an der Regioun Lappland, déi sech iwwer Nordfinnland, Norwegen a Schweden zitt, de wäermste Summer säit iwwer 2000 Joer.

Back to Top
CIM LOGO