D’Regierung kritt allerdéngs vu ville Säite virgehäit, déi reell, méi héich Chifferen, ze vertuschen.
Dobäi war Serbien um gudde Wee am Kampf géint de Coronavirus. Bis d’Parlamentswalen den 21. Juni méi no koumen a villes ganz séier gelabbert gouf.
Besonnesch an der Stad Novi Pazar ass de Gesondheetssystem elo iwwerfuerdert.
E Lëtzebuerger mat Famill op der Plaz huet RTL vun der erschreckender Situatioun am Westbalkan-Land erzielt.
Et feelt a Serbien u Masken, Desinfektiounsmëttel an aneren Hygiènesartikelen.
De Meris Badic vu Wolz huet dofir zesumme mat Famill a Frënn e Spendenopruff gemaach.

Leit, déi spende wëllen, kënnen de Meris Badic gären iwwert déi sozial Medien uschreiwen.