De Merz wëll si e Méindeg proposéierenIlse Aigner soll déi éischt Fra un der Spëtzt vum däitsche Staat ginn

RTL Lëtzebuerg
De Kanzler Friedrich Merz wëll d'CSU-Politikerin als Kandidatin proposéieren.
© SVEN SIMON/dpa Picture-Alliance via AFP

De Merz huet seng Decisioun e Sonndeg den Owend bei engem Iesse mat der CDU-Spëtzt an der Parteizentral matgedeelt. E Méindeg soll de Parteigremie vun CDU an CSU de Virschlag offiziell presentéiert ginn.

Och d'SPD huet schonn signaléiert, d'Kandidatur vun der 61 Joer aler Politikerin z'ënnerstëtzen. Domat kéint si op eng Majoritéit an der Bundesversammlung zielen.

Den Aigner ass zanter 2018 Presidentin vum bayresche Landtag. Virdru war si ënner anerem däitsch Landwirtschaftsministesch a gehéiert zanter Joren zu de markante Gesiichter vun der CSU.

D'Wiel vum neie Bundespräsident ass fir den 30. Januar 2027 geplangt. D'Ilse Aigner soll domat d'Nofolleg vum Frank-Walter Steinmeier untrieden, deen zanter 2017 am Amt ass.

Back to Top
CIM LOGO