ÉisträichZéngdausende Mënschen hu géint de Corona-Lockdown an Impfungen demonstréiert

RTL Lëtzebuerg
De Lockdown fir net-geimpfte Leit an d'Impfflicht hunn vill Géigner vun de Mesuren op d'Stroosse gezunn.

Vun e Méindeg u geet Éisträich jo nees an e Lockdown a féiert eng Impfflicht an. Ronn 35.000 Mënsche sinn dowéinst e Samschdeg op d’Strooss gaangen. Eng 1.300 Poliziste goufe mobiliséiert, fir eventuell Ausschreidunge ze verhënneren.

Déi meescht Leit hate keng Masken un an hunn domadder géint d’Oplage verstouss. Verschidde Manifestanten hätte mat Fläschen op d’Policebeamte geworf. Op d’mannst 10 Persoune goufe festgeholl.

Éisträich ass dat éischt Land an Europa, dat am Hibléck op déi neiste Corona-Well esou haart duerchgräift.

E Samschdeg goufen iwwerdeems iwwer 15.000 Neiinfektioune bannent 24 Stonnen an der Alperepublik gezielt, iwwerdeems den Impftaux bei 66 Prozent läit. Dat ass ënnert dem EU-Duerchschnëtt.

RTL-NEWS: Strenge Lockdown fir Salzburg an Oberösterreich vun e Méindeg un

Back to Top
CIM LOGO