
Beim Lockdown ass den Ament rieds vun 3 bis 4 Wochen. D’Schoule bleiwen op, d’Eltere kënnen awer decidéieren, ob d’Kanner ginn oder net. D’Zuelen an deenen zwee Länner si katastrophal. D’7-Deeg-Inzidenz läit bei 1.600. Spideeler an d’Intensivstatioune sinn iwwerlaascht. Zu Salzburg si se elo souwäit, datt Héichrisiko-Kriibspatienten net kënnen operéiert ginn, well Better feelen.
Vun engem Lockdown am ganze Land geet och scho rieds. An eng Impfflicht ass am Gespréich.
Wien steet besser do wéi aner Deeler an Éisträich. Hei huet d’Stad elo fir all Net-Geimpften en Impf-Rendez-vous geholl, mat Datum an Auerzäit. Wann een da keng Zäit huet, ass ee gebieden ofzesoen oder de Rendez-vous ze verréckelen.
An Israel, Portugal oder Spuenien haten änlech Aktioune scho grousse Succès.